
Zesumme mam Ministère de l’égalité des Genres et de la Diversité an der Orange Week weisen d’Gemenge Stroossen, Hesper, Leideleng, Suessem, Réiser, Mamer a Bartreng an den nächsten zwou Wochen de Film “Hors d’Haleine” vum Eric Lamhène gratis.
Bei dëse Seancë sinn dann och Leit present, déi entweder eppes mam Film ze dinn hunn, wéi de Regisseur Eric Lamhène an d’Actrice Esperanza, déi d’Haaptroll spillt a selwer Affer vun haislecher Gewalt ass, wéi awer och Responsabeler vu Foyeren, déi an dësem Domaine aktiv sinn, oder eng Persoun vun der Associatioun “La Voix des Survivants et Survivantes”.
Och ginn d’Filmer schonn dat ganzt Joer iwwer an de verschiddenste Lycéeën am Land gewisen, fir eben och d’Schüler zu dësem Thema ze sensibiliséieren.
“Hors d’Haleine” leeft dann och de 27. Dezember op RTL Télé Lëtzebuerg.
De Film, deen 2024 eraus koum, gouf dann och dat Joer am Kader vun der Orange Week am Ciné Skala zu Dikrech gewisen, mat enger Diskussiounsronn no der Seance.