"We Are One: A Global Film Festival"Virtuelle Filmfestival vum 29. Mee bis de 7. Juni

RTL Lëtzebuerg
D'Berlinale a weider 20 international Filmfestivaller hu sech zesumme gedoen, fir e gratis Online-Evenement z'organiséieren.

Op Youtube gi vum 29. Mee bis de 7. Juni Filmer, Kuerz- an Dokumentarfilmer, wéi och Musek ugebueden. Zil vun den Organisateuren ass e Mix aus alen an neie Produktiounen.

D’Notzung ass gratis, ma d’User kënnen awer eng Zomm fir de gudden Zweck spenden. Den Erléis geet un d’WHO a karitativ Organisatiounen.

Eng grouss Partie Kulturveranstaltungen uechtert d’Welt hu misse wéinst der Corona-Kris op Äis geluecht ginn. Ob déi berüümte Filmfestivaller zu Cannes oder Venedeg dierfe stattfannen, gouf nach net decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO