LuxFilmFestVR a Gaming - Lëtzebuerg ass an der Zukunft ukomm

RTL Lëtzebuerg
De VR Brëll ass scho laang kee blousse Gadget méi, ma gëtt aktiv an der Medezin ewéi och bei Videospiller oder am Kino agesat. Am Kader vum Lux Film Festival an an Zesummenaarbecht mam Film Fond presentéiert d’Abtei Neimënster deemno Filmer, déi net op eng Leinwand, ma an e Brëll projezéiert ginn.
VR a Gaming - Lëtzebuerg ass an der Zukunft ukomm
De VR-Pavillon ass scho laang keng Kuriositéit méi, mä villméi e feste Bestanddeel vum LuxFilmFest.

De VR-Pavillon ass scho laang keng Kuriositéit méi, mä villméi e feste Bestanddeel vum LuxFilmFest. Kee Wonner, well de Secteur ronderëm dës Technologie huet sech iwwert d’Joren zu Lëtzebuerg staark etabléiert, genee sou ewéi am Gaming, also bei Videospiller.

E Secteur, deen een éischter mat Amerika, China, Japan oder Südkorea associéiert. Ma och zu Lëtzebuerg gi Spiller Entwéckelt an dat souguer zimmlech erfollegräich, wéi zum Beispill Donut Dodo. E Spill am Retro-Look, dat esouguer an Arcade-Halen a Japan representéiert ass.

Un Talent feelt et also net, fir de Fred Neuen, Curateur vun deem Deel vun der Ausstellung, dierft awer nach un der Ënnerstëtzung geschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO