Sängerin Nina Chuba am PortraitVu Kanneractrice zu Stëmm vun enger Generatioun

RTL Lëtzebuerg
Den 18. Juni steet déi däitsch Sängerin zu Lëtzebuerg op der Bün. Mir kucken op hir Karriär zeréck.
© Jakob Marwein

13/06/2025 Portrait nina Chuba 6h50 C.Spithoven

D’Nina Chuba, gebuer als Nina Katrin Kaiser de 14. Oktober 1998 zu Wedel bei Hamburg, huet hir éischt Schrëtt an der Ëffentlechkeet als Kanneractrice gemaach. Mat nëmme 7 Joer huet si d’Roll vun der Marie Krogmann an der Kanner-Televisiounsserie Die Pfefferkörner iwwerholl . Dës fréi Beruffserfarung huet hir Passioun fir d’Konscht gestäerkt an de Grondstee fir hir spéider Musekskarriär geluecht.

No hirer Zäit als Schauspillerin huet d’Nina Chuba sech op d’Musek konzentréiert. 2018 ass si op Berlin geplënnert, wou si ugefaangen huet, Lidder op Englesch ze schreiwen a verëffentlechen. Hir éischt EP Power (2020) an déi zweet EP Average (2021) hu si als talentéiert Newcomerin etabléiert. An awer hate vill Leit déi jonk Sängerin net um Schierm.

Den Duerchbroch koum 2022 mat der däitschsproocheger Single Wildberry Lillet, déi op TikTok viral gaangen ass an d’Charts an Däitschland an Éisträich ugefouert huet. Dëst Lidd huet si als ee vun de bedeitendste Stëmmen an der däitscher Pop- a Rap-Szen positionéiert. E One-Hit-Wonder, wéi uganks spekuléiert, war dëst awer net.

Am Februar 2023 huet d’Nina Chuba hiren éischte Studioalbum Glas erausbruecht. Dësen Album huet déi éischt Plaz an Däitschland an an Éisträich erreecht an ass mat Gold ausgezeechent ginn. D’Lidder um Album, dorënner Neben mir, Ich hass dich a Mangos mit Chili, weisen hir Fäegkeet, emotional, déifgräifend Theme mat musikalescher Diversitéit ze verbannen.

2024 huet d’Nina Chuba d’EP Farbenblind verëffentlecht, déi eng méi düster an emotional Säit vun hir weist. Op der EP fënnt ee Lidder wéi Fata Morgana, wat méi wéi 50 Millioune Streams op Spotify erreecht huet. 2025 geet si op eng grouss Arena-Tour an trëtt bei verschiddene Open-Air-Events op, dorënner och zu Lëtzebuerg.

Do wäert d’Kënschtlerin bestëmmt och hir zwou nei Singelen Unsicher a Wenn das Liebeist spillen, déi si ganz rezent réischt verëffentlecht huet.

Éierlechkeet iwwer mental Gesondheet

D’Nina Chuba schwätzt oppen iwwer mental Gesondheet. Si huet zouginn, den Impostor-Syndrom ze hunn, e psychologesche Phänomen, bei där d’Persoun trotz offensichtlechem Erfolleg un hirem eegene Wäert a Fäegkeeten zweiwelt. An engem Interview huet si erkläert, wéi Therapie hir gehollef huet, mat Angschtgefiller ëmzegoen, an dass si sech net scheit, Hëllef ze sichen.

D’Nina Chuba huet sech vun enger Kanneractrice zu enger erfollegräicher Sängerin entwéckelt an ass haut eng vun den Haaptfiguren an der däitscher Musekslandschaft. Hir Éierlechkeet iwwer hir mental Gesondheet an hir musikalesch Diversitéit maache si zu enger inspiréierender Persoun fir vill Fans.

Den 18. Juni wäert déi jonk Sängerin an der Rockhal op der Bün stoen. De Concert ass zwar ausverkaaft, mee bei eise Kolleege vum Radio ginn et ëmmer nach eng Koppel Ticketen ze gewannen.

Back to Top
CIM LOGO