Expo am CercleVun der Festung bis zum Unesco-Weltkulturierwen

Patricia Baum
D'Stad Lëtzebuerg huet eng markant Geschicht, eng Geschicht, déi d'Fotothéik lo an hirer Ausstellung am Cercle Cité weist.
Vun der Festung bis zum Unesco-Weltkulturierwen
D’Stad Lëtzebuerg huet eng markant Geschicht, eng Geschicht, déi d’Fotothéik lo an hirer Ausstellung am Cercle Cité weist.

Mëttlerweil huet d’Fotothéik en Archiv vun iwwer 6 Millioune Fotoen - dat ganzt Joer schafft d’Ekipp drun, fir déi richteg Selektioun vun de Wierker ze maachen.

25 Joer ass et hier, datt d’Alstad op d’Lëscht vun den Unesco-Weltkulturierwen opgeholl ginn ass. E Jubiläum, deen d’Fotothéik thematesch opgeschafft huet. De Schwéierpunkt vun der Ausstellung läit also op der Geschicht vun der Festung, illustréiert mat Fotoen aus hirem Archiv.

161 Joer leien tëschent der eelster an der neister Foto, déi een an der Ausstellung gesäit. Eng Zäit, an där vill geschitt ass a wou d’Stad Lëtzebuerg sech kontinuéierlech verännert huet.

Et ass wie eng Zäitrees duerch d’Stad. All eenzelne Fotograf ass en Zäitzeien, wou een haut mat Recul op hir Fotoen zréckkucke kann. A wou een nach eng Kéier gewise kritt, wéi wichteg et ass, de Lien zu der Geschicht an zum Patrimoine net ze verléieren.

Bis de 6. September kann ee sech déi impressionant Fotoen an de Ratskeller vum Cercle Cité ukucke goen.

Back to Top
CIM LOGO