
Déi Kéier huet sech d’Ekipp mat de Lëtzebuerger Interjektioune beschäftegt a fir si eng kleng Lëscht op der Internetsäit vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire - LOD.lu - ageriicht.
Fir weider iwwer d’Aarbecht ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch um Lafenden ze bleiwen, proposéiert den ZLS vum 11. August un eng Newsletter. Iwwerdeems gëtt et de ganze Vakanzemount August iwwer de #schreiftipp vum LOD op Twitter.