Fête de la musique zu DiddelengVun enger Bün virun 32 Joer zu haut 13 Stéck
Virun 32 Joer gouf d’Fête de la musique zu Diddeleng an d’Liewe geruff. Deemools mat nëmmen enger Bün.
Fête de la musique zu Diddeleng (22.6.25)
Queesch duerch d’Land gouf d’Fête de la Musique gefeiert, sou och zu Diddeleng, wou et déi 32. Editioun war. Headliner wéi Maximo Park, Cali a Schëppe Siwen hunn d’Leit mat sech gerappt. Awer och ob deenen anere Bünen, konnt ee Musek fir kleng a grouss genéissen. Bedéngt duerch dat gutt Wieder hunn och vill Leit de Wee op Diddeleng fonnt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Dat ganzt wier awer organesch gewuess, esou de Jon Rech, Organisateur, soudass haut eng 50 Artisten op mëttlerweil iwwert 13 Bünen optrieden.
Do kréie souwuel national ewéi och international Kënschtler eng Plattform; dorënner och de Cali, franséische Sänger a Komponist. Et ass net seng éischte Kéier zu Diddeleng. Nieft enger déifgrënneger Frëndschaft mam Jon Rech huet hien Diddeleng an d’Häerz geschloss, well hie schonn e puer Mol do opgetrueden ass.
Fête de la musique zu Diddeleng: Vun enger Bün virun 32 Joer zu haut 13 Stéck
Virun 32 Joer gouf d’Fête de la musique zu Diddeleng an d’Liewe geruff. Deemools mat nëmmen enger Bün.
E Samschdeg de Mëtteg ware schonn e puer Lëtzebuerger Kënschtler zu Diddeleng; esou och d’Mäna, déi am Januar fir de Luxembourg Song Contest an der Rockhal op der Bün stoung. Si huet haut esouwuel mëttes ewéi och owes en Optrëtt.
Net nëmmen etabléiert Kënschtler konnten hiert musikalescht Talent op der Bün weisen: och d’Diddelenger Museksschoul hat Optrëtter, an och d’Chorale vum Kräizbierg.
Mam gudde Wieder gi sech 20 bis 25.000 Leit erwaart.
De ganze Line-Up fannt Dir hei: Fête de la musique – Dudelange
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.