D’Actrice Brigitte Urhausen huet am däitschen ëffentleche Fernsee mat enger Roll am rezenten Tatort vu Saarbrécken op sech opmierksam gemaach. Ma déi 40 Joer al Schauspillerin huet an der Vergaangenheet schonn am Theater an am Kino a ville verschidde Rolle gespillt. De Loïc Tanson huet sech mam Brigitte Urhausen iwwert déi aktuell Situatioun ënnerhalen an där si, genee wéi all aner Schauspillerin och, hirem Beruff net kann nogoen.
Serie Lëtzebuerger Acteuren (1): Wei verbréngt de Jules Werner dës speziell Zäit? Serie Lëtzebuerger Acteuren (2): Wei verbréngt d’Gintare Parulyte dës speziell Zäit? Serie Lëtzebuerger Acteuren (3): Wéi verbréngt den Tommy Schlesser dës speziell Zäit?Serie Lëtzebuerger Acteuren (4): Wéi verbréngt d’Hana Sofia Lopes dës speziell Zäit?
