Am SeptemberWeider Datumer, och fir Lëtzebuerg, vun Disney+ bekannt

RTL Lëtzebuerg
Disney, Pixar, Marvel, Star Wars, National Geographic, d'Simpsons an nach vill méi wäert ee vum September un och zu Lëtzebuerg kënne genéissen.

Star Wars Fans wäerte sech freeën. Nieft de Filmer wäerte si och zu Lëtzebuerg deemnächst kënnen d’Disney-Hit-Serie “The Mandalorian” kënnen op Disney+ kucken. D’Marvel-Fans kënne sech dann och nei Serien, wéi WandaVision ukucken a fir d’Fans vum Walt Disney kritt ee per Stream all d’Klassiker heem geliwwert.

Ass de Streamingdéngscht An Däitschland, Spuenien oder Italien schonn am Mäerz gestart, wäert Lëtzebuerg wuel mat villen aneren europäesche Länner, dorënner Lëtzebuerg, d’Belsch a Portugal, vum September un an de Genoss kommen. Op dat iwwert de Partner leeft, wéi an Däitschland Telekom oder a Frankräich Canal+, ass am Moment nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO