
D’Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d’Fach “Sozioinformatik” an d’Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Thema kënschtlech Intelligenz huet si dräi Bicher verëffentlecht, déi sech un de grousse Public adresséieren. Dat Neist dovun, mam Titel “Weiß die KI, dass sie nichts weiß?” ass am Hierscht 2025 erauskomm a gouf op der Frankfurter Buchmesse virgestallt. An dësem Interview, deen am Oktober 2025 zu Frankfurt opgeholl gouf, erkläert si wat eng KI alles kann - a wat net. Ausserdeem verréit si, firwat si hir Reese léiwer selwer plangt aplaz sech dofir op KI ze verloossen, a wéi e Séipäerdchen déi kënschtlech Intelligenz zolidd an d’Laberente brénge kann.
“Weiß die KI, dass sie nichts weiß?” Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig
Déi dräi Bicher “Ein Algorithmus hat kein Taktgefühl” (2019) , “Die KI war’s” (2023) an “Weiß die KI, dass sie nichts weiß?” (2025) sinn am Heyne Verlag erauskomm.