Mat engem Joer VerspéidungWeltausstellung zu Dubai huet hir Dieren opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Eng 200 Länner an Organisatioune presentéiere bis den 31. Mäerz am Arabeschen Emirat hir Iwwerleeungen zum Thema "connecting minds, creating the future."
Weltausstellung zu Dubai mécht hir Dieren op
Eng 200 Länner an Organisatioune presentéiere bis den 31. Mäerz am Arabeschen Emirat hir Iwwerleeungen zum Thema “connecting minds, creating the future.”

Ouverture Weltaustellung Dubai / Reportage Claude Zeimetz

Op der éischter Weltexpo am Mëttleren Osten wëll sech de Grand-Duché virun allem als innovatiivt, diverst an nohaltegt Land presentéieren. De Visiteure soll am Pavillon vu Metaform Architects mat senge 5 Sënner op eng Rees geschéckt ginn, wéi d’Kommissärin fir d’Expo Maggy Nagel bei der Visite um Chantier am Januar zejoert erkläert huet.

Et hätt een net wëllen déi selwecht Feeler maache wéi zu Shanghai, wou de Pavillon wuel vu baussen impressionant war, mä et banne weider net vill ze kucke gouf.

Wéi d’Kommissärin bei der Ouverture de Freideg erkläert huet, ass de Lëtzebuerger Pavillon nohalteg ausgeluecht a kann nach déi nächst 5 Joer um Site genotzt ginn.

D’Maggy Nagel zum nohaltege Pavillion

Mir wëlle bleiwen, wat mer ginn”, ass de kulturelle Bäitrag am Pavillon iwwerschriwwen, wou am Januar d’Wierker vun engem Kënschtlerkollektiv gewise ginn.

Lëtzebuerg war dat éischt Land, wat sech offiziell fir d’Weltausstellung ugemellt hat. An dat net ganz oneegennëtzeg. Wéi et vun der Regierung heescht, hätt een domadder dem Grand-Duché säin Engagement vis-à-vis vun de Vereenegten Arabeschen Emirater ënnersträiche wëllen, dem wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg an der Golfregioun.

Natierlech huet d’Corona-Pandemie, den Organisateure vun der Welt-Expo net an d’Kaarte gespillt. D’Plangen an de Bau vum Pavillon war eng wierklech Erausfuerderung, wéi och de Freideg um RTL-Mikro den Direkter vum Pavillon Daniel Sahr erkläert huet.

Den Direkter vum Lëtzebuerger Pavillon Daniel Sahr

D’coronabedengt Méikäschte vu ronn enger Millioune sollte vun der Reserv an der Gesamtenveloppe vun 32 Milliounen opgefaange ginn. Fir d’Weltexpo gi sech 25 Millioune Visiteuren zu Dubai erwaart.

Back to Top
CIM LOGO