Jungle BookWelturopféierung vum Robert Wilson am Groussen Theater

RTL Lëtzebuerg
Vum 26. bis den 28. Abrëll verwandelt sech déi grouss Bühn am groussen Theater an en Dschungel an dat direkt fir eng Welturopféierung.
© Jean-Louis Fernandez

De renomméierten amerikanesche Regisseur Bob Wilson, dee schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg war, inszenéiert dem Rudyard Kippling säin "Jungle Book" mat der Musek vun der amerikanescher Band CocoRosie.
D'Geschicht vum "Jungle Book" a vum klenge Mowgly, dee bei den Déieren am indeschen Dschungel opwiisst,  kenne mer natierlech all an och de Film vu Walt Disney, mä dës Produktioun am Theater huet mat där Verfilmung näischt ze dinn.

Et ass eng eege Kreatioun vun engem vun de renomméiersten Theater-Regisseuren iwwerhaapt, den Amerikaner Robert Wilson, deen e Spezialist ass vun Dekor a Luucht, eppes wat en ëmmer an de Mëttelpunkt setzt an dat esouwuel beim Danz, beim Theater, bei der Oper oder bei esou Spektakelen wéi "Jungle Book", bei deem déi ganz Famill ugeschwat gëtt.

Pressekonferenz am Groussen Theater
Pressekonferenz am Groussen Theater

De Bob Wilson ass wuel Amerikaner, schafft awer vrun allem an Europa.  Zu Lëtzebuerg hat hien 2004 eng éischt Welturopféierung, deemools en Danzstéck, dono ware schonn e puer Mol hei mat Oper an Theater. Den Ament pendelt en tëscht verschiddene Produktiounen hin an hier, vu Madame Butterfly zu Paräis bei Othello zu Baden-Baden, iwwer d'Prouwe mam Isabelle Huppert a Frankräich an eben Jungle Book zu Lëtzebuerg.

Datt en e Kanner- oder Jugendbuch inszenéiert, ass och net nei. De Robert Wilson huet an deem selwechte Kader och schonn "Peter Pan" inszenéiert. All Kéier huet hien als Museker déi amerikanesch Band CocoRosie engagéiert vun den zwou Schwësteren Bianca a Sierra Casady. Se funktionnéiere gutt mateneen, och wann et bei der éischter Zesummenaarbecht fir de Peter Pan zu Berlin um Ufank kriddeleg war.

Bianca Casady, Robert Wilson, Sierra Casady
Bianca Casady, Robert Wilson, Sierra Casady
© Lucie Jansch

Fir d'Prouwe sinn déi zwou Schwësteren, déi och schonn als CocoRosie zu Lëtzebuerg opgetruede sinn, awer elo getrennt. D'Sierra, dat eréischt Mamm ginn ass, schafft an den USA an ass a stännegem Kontakt mam Bianca, dat am Groussen Theater bei de Prouwen derbäi ass.

Enstanen ass Jungle Book als Ko-Produktioun tëscht dem Groussen Theater an dem Théâtre de la Ville vu Paräis, deen den Ament awer renovéiert gëtt an dofir war et d'Geleeënheet fir zu Lëtzebuerg ze schaffen. Dat ass natierlech eng technesch an organisatoresch Erausfuerderung, vrun allem well de Robert Wilson eng eegen Ästhetik huet. Seng Déiere wäerte faarweg a spektakulär sinn an déi ganz Bühn mat hiren technesch Méiglechkeeten an den Asaz kommen, et kann e bëssi un de Bühnemusical "Lion King" erënneren.

Jungle Book am Groussen Theater

© Pascal Aymar Tendance Floue

Back to Top
CIM LOGO