Bescht Regie
- Jonathan Glazer fir The Zone of Interest
- Giorgos Lanthimos fir Poor Things
- Christopher Nolan fir Oppenheimer
- Martin Scorese fir Killers of The Flower Moon
- Justine Triet fir Anatomy of a Fall
De biografesche Film Oppenheimer vum Christopher Nolan, iwwer d’Liewensgeschicht vum Erfinder vun der Atombomm J. Robert Oppenheimer, zielt mat Nominéierungen an am Ganzen 13 Kategorien zum grousse Favorit bei den Oscars.
D’Konkurrenz ass grouss, de Film Poor Things vum Giorgos Lanthimos dierft mat 11 Nominéierungen och net eidel ausgoen. De Film handelt iwwer eng verstuerwe jonk Fra, d’Bella gespillt vum Emma Stone, déi vum Wëssenschaftler Dr. Godwin Baxter, gespillt vum Willem Dafoe, an d’Liewen zeréckgeholl gëtt.
Dem Martin Scorese säi Film Killers of The Flower Moon zielt mat 10 Nominéierungen och zu de Spëtzereider. De Film handelt ëm den indianesche Stamm vun den Osage.
De Justizfilm vum Justine Triet Anatomy of a Fall dréit ëm eng däitsch Schrëftstellerin, gespillt vum Sandra Hüller, déi verdächtegt gëtt, hire Mann ermort ze hunn.
Beschte Film
Medieberichter no hunn direkt e puer Filmer grouss Chancen, en Oscar fir de beschte Film ze gewannen, zum Beispill Barbie mat 8 Nominatiounen. Ma och Killers of the Fower Moon ass an dëser Kategorie Favorit, deen 10 Nominéierungen zielt, dorënner Bescht Regie a Bescht Haaptactrice, oder nach de Film Poor Things mat 11 Nominatiounen. Gréisste Konkurrent an dëser Kategorie ass Oppenheimer, dee schonn de Golden Globe als beschte Film-Drama krut.
Beschten Haaptacteur
- Bradley Cooper (Maestro)
- Colman Domingo (Rustin)
- Paul Giamatti (The Holdovers)
- Cillian Murphy (Oppenheimer)
- Jeffrey Wright (American Fiction)
Verschidden US-Medien hu gemellt, dass de Paul Giamatti grouss Chancen huet, déi gëlle Statue als beschten Haaptduersteller ze gewannen. Hie verkierpert am The Holdovers d’Roll vum Professer Paul Hunham, deen un der privater Schoul Barton Academy de Cours Antik Zivilisatioune gëtt. Och hei gouf et e Golden Globe als beschten Acteur fir de Paul Giamatti.
Bescht Haaptactrice
- Annette Bening (Nyad)
- Lily Gladstone (Killers Of The Flower Moon)
- Sandra Hüller (Anatomy of a Fall)
- Carey Mulligan (Maestro)
- Emma Stone (Poor Things)
Déi däitsch Actrice Sandra Hüller an hirer Roll am Justizdrama Anantomy of a Fall huet déi bescht Chancen en Oscar als bescht Haaptduerstellerin ze kréien. Mam Lily Gladstone an Emma Stone, déi vu ville Kritiker fir hir Leeschtung am Film Poor Things gelueft gouf, huet si awer zwou grouss Konkurrentinnen.
Beschten Niewenduersteller
- Sterling K. Brown (American Fiction)
- Robert De Niro (Killers of the Flower Moon)
- Robert Downey Jr. (Oppenheimer)
- Ryan Gosling (Barbie)
- Mark Ruffalo (Poor Things)
Bescht Niewenduerstellerin
- Emily Blunt (Oppenheimer)
- Danielle Brooks (The Color Purple)
- America Ferrera (Barbie)
- Jodie Foster (Nyad)
- Da’Vine Joy Randolph (The Holdovers)
Beschten internationale Film
- Io Capitano (Italien) - Regie: Matteo Garron
- Das Lehrerzimmer (Däitschland) - Regie: İlker Çatak
- Perfect Days (Japan) - Regie: Wim Wenders
- La sociedad de la nieve (Spuenien) - Regie: J.A. Bayona
- The Zone of Interest (Vereenegt Kinnekräich) - Regie: Jonathan Glazer
Bescht Originaldréibuch
- Justine Triet an Arthur Harari (Anatomy of a Fall)
- David Hemingson (The Holdovers)
- Bradley Cooper an Josh Singer (Maestro)
- Samy Burch an Alex Mechanik (May December)
- Celine Song (Past Lives)
Bescht adaptéiert Dréibuch
Bescht Kamera
- Hoyte van Hoytema (Oppenheimer)
- Edward Lachman (El Conde)
- Matthew Libatique (Maestro)
- Rodrigo Prieto (Killers of the Flower Moon)
- Robbie Ryan (Poor Things)
Bescht visuell Effekter
- Theo Bialek, Stéphane Ceretti, Alexis Wajsbrot a Guy Williams (Guardians of the Galaxy Vol. 3)
- Simone Coco, Neil Corbould, Charley Henley a Luc-Ewen Martin-Fenouillet (Napoleon)
- Simone Coco, Neil Corbould, Jeff Sutherland an Alex Wuttke (Mission Impossible - Dead Reckoning Part One)
- Jan Comley, Jay Cooper, Neil Courbould an Andrew Roberts (The Creator)
- Tatsuji Nojima, Kiyoko Shibuya, Masaki Takahashi an Takashi Yamazaki (Godzilla Minus One)
Bescht Zeenebild
- Sarah Greenwood a Katie Spencer (Barbie)
- Jack Fisk an Adam Willis (Killers of the Flower Moon)
- Arthur Max an Elli Griff (Napoleon)
- Ruth De Jong a Claire Kaufman (Oppenheimer)
- Shona Heath, James Price a Szusza Mihalek (Poor Things)
Beschte Kostümdesign
- Jacqueline Durran (Barbie)
- Jacqueline West (Killers of the Flower Moon)
- David Crossman an Janty Yates (Napoleon)
- Ellen Mirojnick (Oppenheimer)
- Holly Waddington (Poor Things)
Beschte Make-up a bescht Coiffure
- Karen Hartley Thomas, Suzi Battersby an Ashra Kelly-Blue (Golda)
- Kazu Hiro, Kay Georgiou a Lori McCoy-Bell (Maestro)
- Luisa Abel (Oppenheimer)
- Nadia Stacey, Mark Coulier an Josh Weston (Poor Things)
- Ana López-Puigcerver, David Martí a Montse Ribé (Society of the Snow)
Bescht Filmmusek
- Jerskin Fendrix (Poor Things)
- Ludwig Göransson (Oppenheimer)
- Laura Karpman (American Fiction)
- Robbie Robertson (Killers of the Flower Moon)
- John Williams (Indiana Jones and the Dial of Destiny)
Beschte Filmsong
- Diane Warren (The Fire Inside - Flamin’ Hot)
- Mark Ronson an Andrew Wyatt (I’m Just Ken - Barbie)
- Jon Batiste an Dan Wilson (It Never Went Away - American Symphony)
- Scott George (Wahzhazhe (A Song For My People) - Killers of the Flower Moon)
- Billie Eilish a Finneas O’Connell (What Was I Made For? - Barbie)
Beschte Schnatt
- Laurent Sénéchal (Anatomy of a Fall)
- Kevin Tent (The Holdovers)
- Thelma Schoonmaker (Killers of the Flower Moon)
- Jennifer Lame (Oppenheimer)
- Yorgos Mavropsaridis (Poor Things)
Beschten Toun
- Erik Aadahl, Tom Ozanich, Ethan Van der Ryn, Ian Voigt an Dean A. Zupancic (The Creator)
- Chris Burdon, James H. Mather, Chris Munro a Mark Taylor (Mission Impossible - Dead Reckoning Part One)
- Johnnie Burn an Tarn Willers (The Zone of Interest)
- Willie D. Burton, Richard Kind, Kevin O’Connell und Gary A. Rizzo (Oppenheimer)
- Richard King, Steven A. Morrow, Tom Ozanich, Jason Ruder an Dean A. Zupancic (Maestro)
Beschten Animatiounsfilm
- The Boy and the Heron vum Hayao Miyazaki an Toshio Suzuki
- Elemental vum Peter Sohn an Denise Ream
- Nimona vum Nick Bruno, Troy Quane, Karen Ryan an Julie Zackary
- Robot Dreams vum Pablo Berger, Ibon Cormenzana, Ignasi Estapé a Sandra Tapia Díaz
- Spider-Man - Across the Spider-Verse vum Kemp Powers, Justin K. Thompson, Phil Lord, Christopher Miller an Amy Pascal
Beschten animéierte Kuerzfilm
- Letter to a Pig vum Amit R. Gicelter an Tal Kantor Sailor
- Pachyderme vum Stéphanie Clément a Mark Rius
- Ninety-Five Senses vum Jared Hess an Jerusha Hess
- Our Uniform vum Yegane Moghaddam
- War Is Over! Inspired by the Music of John & Yoko vum Brad Booker an Dave Mullins
Beschte Kuerzfilm
- The After vum Nicky Bentham a Misan Harriman
- The Wonderful Story of Henry Sugar vum Wes Anderson a Steven Rales
- Red, White and Blue vum Nazrin Choudhury a Sara McFarlane
- Knight of Fortune vum Lasse Lyskjær Noer a Christian Norlyk
- Invincible vum Samuel Caron a Vincent René-Lortie
Beschten Dokumentarfilm
- Bobi Wine: The People’s President vum Moses Bwayo, Christopher Sharp an John Battsek
- The Eternal Memory vum Maite Alberdi
- Four Daughters vum Kaouther Ben Hania an Nadim Cheikhrouha
- To Kill a Tiger vum Nisha Pahuja, Cornelia Principe an David Oppenheim
- 20 Days in Mariupol vum Mstyslav Chernov, Michelle Mizner a Raney Aronson-Rath
Beschten Dokumentar-Kuerzfilm
- The ABCs of Book Banning vum Sheila Nevins an Trish Adlesic
- The Barber of Little Rock vum John Hoffman a Christine Turner
- Island in Between vum S. Leo Chiang a Jean Tsien
- The Last Repair Shop vum Ben Proudfoot a Kris Bowers
- Nǎi Nai & Wài Pó vum Sean Wang a Sam Davis
Sämtlech Detailer fënnt een och um Site vun den Academy Awards.