Concours vun der PostWie moolt dee schéinste Kleeschen?

RTL Lëtzebuerg
Am Dezember bréngt d'Post e ganz apaarten Timber eraus.
Wie moolt dee schéinste Kleeschen?
Am Dezember bréngt d’Post e ganz apaarten Timber eraus.

An zwar ee mam Kleeschen drop. Dat speziellt dorunner: Kanner si responsabel fir den Design. D’Post huet nämlech e Concours lancéiert, wou all d’Kanner am Land hiert Bild vum Kleesche kënnen eraschécken.

All Kand am Alter tëscht 4 an 8 Joer kann hei matmaachen. Vill Kanner schreiwen all Joers dem Kleeschen e Bréif an d’Post, déi hëlleft him beim beäntweren. An op deen Äntwert-Bréif soll elo dëst Joer e Bild vum Kleeschen dropkommen, dat e Kand gemoolt huet.

Um Enn vum Concours ass et e Jury, deen decidéiert, wéi ee Bild gewanne wäert. Bis elo si scho ronn 100 kleng Konschtwierker erageschéckt ginn.

De Concours leeft nach bis den 10. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO