An och dëst Joer gëtt et an de Kategorië wéi Documentaire oder jeune public verschidde Juryen. Fir di offiziell Competitioun gëtt et dann en internationale Jury, deen zum Schluss vum Festival de Gewënner Film designéiert.
Spéitstens nom Oscar priméierte Film «Das Leben der Anderen» huet den däitsche Schauspiller Sebastian Koch international Unerkennung kritt. De Sebastian Koch huet a senger Filmografie oft historesch Perséinlechkeete gespillt dorënner de Kommandant vum KZ Ausschwitz Rudolf Höss, de Stauffenberg oder och nach den NS-Architekt Albert Speer.
Mat an der internationaler Jury ass och de franséische Schauspiller Arnaud Valois, deen elo rezent am Netflix Film «Good Grief» ze gesi war. Beim grousse Public ass hien 2017 a Frankräich bekannt gi fir seng Roll am Film «120 Battement par minute».
Ee vun de wichtegste Vertrieder vum amerikaneschen «Cinéma indépendent» de Realisateur Ira Sachs, d’Scénaristin Nathalie Hertzberg, d’Produzentin vum Lars von Trier senge Filmer d’Marianne Slot an den argentinesche Realisateur Damián Szifron sinn dann och dëst Joer Deel vun der Jury.
Als Lëtzebuergerin ass dëst Joer d’Schauspillerin Vicky Krieps mat dobäi. Fir d’lescht war si am Kino ënner anerem mat hirer Roll als Ingeborg Bachmann ze gesinn. Aktuell spillt d’Vicky Krieps dann an engem Western mat. De Film «The Dead don’t hurt» vum Viggo Mortensen gëtt de 9. Mäerz um Luxfilmfest gewisen, a Presenz vum Schauspiller a Regisseur.