
Wéineg iwwerraschend steet och de Choix vum Wuert vum Joer an Däitschland natierlech och ganz am Zeeche vum Virus, deen d’Joer 2020 wéi näischt anescht markéiert huet. D’"Corona-Pandemie” ass dohier och d’Wuert vum Joer bei eisen Noperen, knapp hannendru steet “Lockdown” op der 2. Plaz.
All Joer wielt d’Jury jo 10 Wierder an Expressiounen, déi dat politescht, ekonomescht a gesellschaftlecht Liewen an engem Joer sproochlech bestëmmt hunn.
2019 war d’Wuert vum Joer iwwregens “Respektrente”, 2018 war et “Heißzeit”.