Kënschtlerkollektiv CuevaXXL-Expo am Bâtiment IV op der Industriebrooch Esch-Schëffleng

Sandy Elsen
Zesumme mat 108 Kënschtler huet de Cueva-Kollektiv hei säi bis ewell gréisste Projet op d'Bee gestallt.
XXL-Expo am Bâtiment IV
Zesumme mat 108 Kënschtler huet de Cueva-Kollektiv hei säi bis ewell gréisste Projet op d’Bee gestallt.

De Kënschtlerkollektiv Cueva ass virun allem dofir bekannt, al Escher Gebaier, déi kuerz virum Ofrëss oder enger Grondsanéierung stinn, nach eemol richteg Liewen anzehauchen an zwar mat Konscht.

No ënnert anerem dem “Quartier 3", “Uecht” an “Al Esch” ass elo d’Bâtiment IV op der Industriebrooch Esch-Schëffleng un der Rei.

Vum Keller, iwwer déi däischtersten an enksten Ecken, bis op de Späicher – d’Kënschtler konnten all Quadratmeter fräi notzen a sech ongehemmt austoben - Haaptsaach si setze sech mat der Struktur vum Gebai auserneen.

Ob Graffitien, Fotografien, Skulpturen oder Molereien, et ass vun allem eppes dobäi.

D’Ausstellung am Bâtiment IV dauert nach bis de 6. Dezember. Si ass op vu freides bis sonndes a leeft natierlech ënnert de virgeschriwwene Sécherheetsmesuren. Umelle muss ee sech awer net.

Back to Top
CIM LOGO