
D'Decisioun ass gefall: Burgas wäert den Eurovision Song Contest 2027 organiséieren. D'Stad um Schwaarze Mier huet sech am Host-City-Prozess géint Sofia duerchgesat a wäert déi 71. Editioun vum gréisste Museksevenement vun Europa ausriichten. Och den Datum steet lo fest, an zwar wäert den ESC de 15. Mee d'nächst Joer sinn.
Fir Bulgarien ass et déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt d'Land den Eurovision Song Contest organiséiert. Méiglech gouf dat duerch d'Victoire vun der Sängerin DARA, déi dëst Joer mam Song "Bangaranga" den ESC gewonnen huet.
Burgas ass eng vun de wichtegste Küstestied vu Bulgarien a bekannt fir seng Plagen, säi kulturellt Liewen an déi vill Summerfestivallen. Fir den Eurovision Song Contest wäert d'Stad Fans aus ganz Europa empfänken a sech fir e puer Deeg an den Zentrum vun der internationaler Musekszeen verwandelen.
Och Lëtzebuerg ass 2027 nees beim Eurovision Song Contest dobäi. Am Moment kënne sech Sängerinnen, Sänger a Songwriter nach fir den nationale Selektiounsprozess umellen. D'Auditioune si fir den Hierscht virgesinn. Wie Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest vertriede wäert, gëtt den 30. Januar 2027 beim Luxembourg Song Contest decidéiert.
De Gewënner oder d'Gewënnerin vun der nationaler Virentscheedung wäert dann am Mee op Burgas reesen, fir Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2027 ze vertrieden.
Informatiounen iwwer d'Aschreiwunge fir de "Luxembourg Song Contest" fannt Dir hei: