D'Kompanie "Be Flat"Zirkus op ongewéinleche Plazen

RTL Lëtzebuerg
De Belschen Trupp "Be Flat" huet sech dorobber spezialiséiert, Zirkus op éischter ontypesche Plazen opzeféieren. Am Oktober hate si am Konviktsgaart hiren neie Programm "Living" presentéiert.
Be Flat
Zirkus hautno

De Belschen Zirkustrupp “Be Flat” war am Oktober zu Lëtzebuerg an hat am Konviktsgaart hire neie Programm mam Titel “Living” opgefouert. Den Trupp, deen 2017 gegrënnt gouf, verbënnt zäitgenësseschen Zirkus mat urbanem Sport an dat op deenen aussergewéinlechste Plazen. Esou wëlle si méiglechst vill Leit dobaussen erreechen.

Back to Top
CIM LOGO