No den DréibuchauteurenZu Hollywood trieden och d'Schauspiller an de Streik

RTL Lëtzebuerg
Nodeem d'Verhandlunge mat de groussen US-Filmstudioen net weiderkoumen, hunn d'Hollywood-Acteuren elo annoncéiert, an de Streik trieden ze wëllen.
D'Pressekonferenz vun der Schauspillergewerkschaft.
D’Pressekonferenz vun der Schauspillergewerkschaft.
© AFP

Dat huet de Virstand vun der Schauspillergewerkschaft Screen Actors Guild, kuerz SAG-AFTRA, eestëmmeg ugeholl. D’Acteure wäerten hir Aarbecht néierleeën, sot den Duncan Crabtree-Ireland, dee fir si d’Verhandlunge gefouert huet.

Zanter Woche scho streiken d’Auteuren zu Hollywood. Fir déi bekannte glamouréis Filmstad ass et déi éischte Kéier zanter iwwer 60 Joer, datt et en Duebelstreik gëtt, deen d’US-Film- a Fernseeindustrie kéint zum Stëllstand bréngen.

D’Schauspillerinnen a Schauspiller verlaange wéinst der héijer Inflatioun méi héich ënner anerem Gagë vun Disney, Netflix a Co. Weider fuerdere si Zousoen, wéi een an Zukunft mat Kënschtlecher Intelligenz wëll ëmgoen. Si fäerten nämlech, datt hir Optrëtter a Stëmme vun de KI genotzt kënne ginn, ouni datt si dofir bezuelt ginn.

E weidere grousse Kritikpunkt sinn d’Zoustänn bei Castingen, déi sech zanter dem Ausbroch vun der Corona-Pandemie drastesch verschlechtert hunn. Dacks wëssen d’Acteuren an Actrice mol net, ob hir Videoen, déi si erageschéckt hunn, iwwerhaapt gekuckt goufen.

D’Screen Actors Guild vertrëtt eng 160.000 Schauspillerinnen a Schauspiller, dorënner och grouss Stars wéi d’Meryl Streep, d’Jennifer Lawrence oder d’Glenn Close.

Back to Top
CIM LOGO