D’Music Days sinn e Gemeinschaftsprojet vun de Schlassfrënn, der Gemeng, der Kierchefabrick a fir d’Musek vun der Kamarata Lëtzebuerg.
De Régis Thill war fir eis an den éischte Concert an der herrlecher Trinitarier-Kierch.
Fir den éischte Concert an der Kierch hat de Marc Jacoby, President vun Kammerata Lëtzebuerg, ee Programm mat Barockmusek opgestallt. Mat Solisten fir Uergel, de Maurice Clement ; fir Violin de Marc Jacoby a fir d’Stëmm, d’Mariette Lentz an de Jeff Mack.
