Edward Steichen AwardZwee zäitgenëssesch Kënschtler krute Präisser iwwerreecht

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend goufen erëm am Kader vum Edward Steichen Award zwee zäitgenëssesch Kënschtler mat engem Präis an enger Kënschtlerresidenz zu New York ausgezeechent.
Edward Steichen Award
Um Dënschdeg den Owend goufen erëm am Kader vum Edward Steichen Award zwee zäitgenëssesch Kënschtler mat engem Präis an enger Kënschtlerresidenz zu New York aus

De Präis, deen nom Lëtzebuergesch-amerikanesche Kënschtler a Fotograf Edward Steichen benannt ass, gouf wéi gewinnt am Mudam ofgehalen.

All zwee Joer ginn d’Edward Steichen Awards iwwereecht an dëst Joer waren et zwou Fraen, déi dës gewonnen hunn. De Präis fir europäesch Kënschtler, zesumme mat enger Kënschtlerresidenz vu 6 Méint am International Studio and Curational Program zu New York goung un dat franséischt Marianne Villière.

Den Edward Steichen Luxembourg Resident à New York Award fir Lëtzebuerger a Lëtzebuerger Residentë krut d’Clio Van Aerde iwwerreecht.

Zousätzlech kréie béid Kënschtlerinnen all Mount 4000 USD, fir hiren Openthalt zu New York ze finanzéieren.

Back to Top
CIM LOGO