EgyptenZwou vun eelste Pyramide gi fir de Public op

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi éischte Kéier zanter 1965, datt dës Pyramide kënne besichtegt ginn.
D'Knickpyramdie vum Kinnek Sneferu.
D’Knickpyramdie vum Kinnek Sneferu.
© AFP

Rieds ass vun der Knickpyramid an hirer Satelltepyramid um Kierfecht Dahschur. Touriste kënnen déi zwou Pyramiden ronn 40 Kilometer südlech vu Kairo elo kucken goen, esou sot den egypteschen Minister fir Antiquitéiten der Presse.

D’Pyramide ware joerzéngtelaang restauréiert ginn. D’Plaz ass Deel vun der Nekropol vu Memphis, déi zum Patrimoine vun der UNESCO gehéiert. D’Knickpyramid gouf am Ale Räich vun Egypten ronn 2600 viru Christus op Uerder vum Pharao Sneferu gebaut.

Egypten huet sech an de leschte Joren intensiv ëm de Marketing vun archeologeschen Decouverte beméit, fir den Tourismus unzekuerbelen. E Secteur, dee fir d’Land immens wichteg ass, mä deen duerch d’politesch Instabilitéit an d’Attacken no der Revolutioun vun 2011 staark gelidden huet.

Back to Top
CIM LOGO