Awunner mussen dobanne bleiwenLeopard aus chineseschem Park fortgelaf: 100 doudeg Hénger sollen en ulackelen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Leopard leschte Mount aus engem chinesesche Safaripark ausgebrach ass, mussen d'Awunner am Oste vu China dobanne bleiwen.
© AFP

Spuere vun der Raubkaz sinn an der Géigend vun Dierfer an de Bierger ronderëm d’Stad Hangzhou entdeckt ginn. Duerno koum de Message un d’Awunner, an hiren Haiser ze bleiwen, sou wéi d’Dieren an d’Fënsteren zouzemaachen.

Fir d’Déier nees anzefänken, goufe bal 100 doudeg Hénger als Köder ausgeluecht.

De Leopard war den 19. Abrëll mat 2 anere Raubkazen aus dem Safaripark Hangzhou fortgelaf, wéi grad bei hinnen am Auslaf gebotzt gouf. 2 Leoparde konnten agefaange ginn, ma deen Drëtten ass nach fräi, obschonn dausende Leit, Sichhënn, Dronen a Wäermebildkameraen no him gesicht hunn.

D’Déier ass a Gefaangenschaft op d’Welt komm, kann deemno net eegestänneg joen. Et geet een dovun aus, dass de Leopard ferme hongereg muss sinn, wann net schonn um erhéngere wier.

De Park hat de Mëssel iwwregens net direkt matgedeelt. Ma wéi d’Flucht vun de Leoparde sech bis ronderëm geschwat hat, hu sech d’Proprietären ëffentlech zu Wuert gemellt, ënnert dem Virwand eng Panik wëllen ze verhënneren. Vill méi ass et wuel drëms gaangen, déi vill Visitten op engem chinesesche Feierdag net ze verléieren.

Wéi et heescht, goufe 5 Mataarbechter vum Park an den Direkter festgeholl. De Park gouf bis op Weideres zougemaach. Vill Leit hu sech opgereegt, dass dat Ganzt esou laang verheemlecht gouf. Den éischte Leopard konnt den 21. Abrëll agefaange ginn, deen zweeten e Freideg a wéi gesot, ass nach ëmmer ee fräi.

Nach méi Kritik gouf et, nodeems Biller am Netz opgedaucht sinn, déi den nees agefaangen Leopard weisen, deem en Deel vun der hënneschter Patt feelt an eng oppe Wonn hat. Zooen an Déiereparken stinn a China dacks an der Kritik. Et ginn ëmmer méi Fäll bekannt, iwwer Déieren, déi ënner katastrophalen Zoustänn gehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO