Kultcafé zu IechternachDe "Philo'Soff" soll Mëtt Dezember nees seng Dieren opmaachen

Loïc Juchem
De 25 Joer alen Tom Lanners vun Dikrech iwwerhëlt de Kultcafé a wëll mat enger Mëschung aus klassescher Brasserie an texaneschem Barbecue en neit Kapitel opschloen.
Kultcafé zu Iechternach
De "Philo'Soff" soll Mëtt Dezember nees seng Dieren opmaachen.

D'Adress an der Foussgängerzon zu Iechternach war laang Zäit e feste Bestanddeel vum gesellschaftlechen a kulturelle Liewen an der Abteistad. No enger turbulenter Vergaangenheet an e puer Joer Leerstand soll elo nees Liewen an de Bistro kommen.

Zanter Mëtt September gëtt am Café intensiv renovéiert. Bis zu néng Stonnen den Dag gëtt geschafft, fir datt Mëtt Dezember déi éischt Clienten nees kënnen erakommen. Hannert dem Projet steet den Tom Lanners, e jonke Gastronom vu 25 Joer, dee sech domat fir d'éischte Kéier selbstänneg mécht.

Mat 25 Joer den éischten eegene Café

Den Tom kënnt vun Dikrech, huet d'Hotelschoul gemaach an ass an der Gastronomie grouss ginn. Säi Papp huet fréier en Hotel-Restaurant zu Ettelbréck bedriwwen, an deem och den Tom geschafft huet. Beim Ëmbau vum "Philo’Soff" leet de jonke Gastronom selwer Hand un. Vum Plätterchersleeën an der Kiche bis bei d'Usträichen an déi vill kleng Reparaturen, iwwerhëlt hie vill Aarbechte selwer.

Dat bréngt awer och eng Rei Erausfuerderunge mat sech. Nieft den Aarbechten um Chantier muss hie sech ëm administrativ Demarchen a Subside këmmeren. An ëmmer nees kommen onerwaart Problemer dobäi: "Et ass heiansdo e bësse frustréierend, wann een dat eent fäerdeg huet an da kënnt dat nächst dobäi", erzielt den Tom. Trotz dem Stress wier et awer eng grouss Freed, all Dag ze gesinn, wéi de Projet virukënnt. Ënnerstëtzung kritt hie vu sengem Papp, deen d'Gebai kaaft huet.

Eng Kultadress mat enger beweegter Vergaangenheet

De "Philo'Soff" war iwwer Joerzéngten eng Institutioun zu Iechternach. Nieft Schüler an Enseignantë war de Café och en Treffpunkt fir d'alternativ Zeen. Liesungen, Jazzconcerten, politesch Diskussiounen an DJ-Owender hunn zum Programm gehéiert. Am August 2010 koum et allerdéngs zu engem Brand. De Café huet duerno jorelaang misse seng Dieren zouloossen. 2020 gouf et e Versuch, d'Adress nees opliewen ze loossen, ma dee war net vu laanger Dauer. Déi lescht Jore stoung de Bistro nees eidel.

Och fir déi nei Proprietäre war den Zoustand vum Gebai eng Iwwerraschung. "Mir haten net geduecht, datt mer esou vill Aarbechten hätten", erkläert dem Tom säi Papp. No an no géifen d'Renovatiounen awer virukommen. Mëtt Dezember 2026 soll de "Philo'Soff" nees seng Dieren opmaachen. Ob den neie Café un déi grouss Zäite vu fréier uknäppe kann, wäert sech weisen.

Back to Top
CIM LOGO