
Ob traditionell Lëtzebuerger Spezialitéiten, mediterran Goûten oder raffinéiert Gourmet-Kichen – d'Gastronomie hei am Land huet vill ze bidden. Hannert all guddem Plat sti Mënschen, déi mat vill Passioun, Kreativitéit an handwierklechem Kënnen all Dag an der Kiche stinn.
Ma wien huet Iech mat senge Kachkënscht am meeschten iwwerzeegt? Wien ass Äre perséinleche Favorit?
Am Kader vun eiser Ëmfro sinn iwwer 500 Proposen erakomm. Mir hunn d'Stëmmen ausgezielt an elo steet fest, wien d'Nues vir huet: De Giuseppe Inferrera vun der Brasserie "Am Home" zu Péiteng konnt déi meeschte Stëmme fir sech gewannen.
Adress: 52, rue de l’Église, L-4732 Péiteng
Kontakt: 50 78 59
Déi éischt Plaz an eisem Ranking féiert eis an de Süde vum Land, méi genee op Péiteng. An der Brasserie "Am Home" steet de Giuseppe Inferrera fir eng villsäiteg Kichen, an där Lëtzebuerger Traditioun op italieenesch a franséisch Aflëss trëfft.
Ob klassesch Brasserie-Platen, mediterran Spezialitéiten oder traditionell Lëtzebuerger Kichen – hei kommen eng ganz Partie verschidde Goûten zesummen. Besonnesch d'Villfalt vu senger Kiche gouf vun de Participantë vun eiser Ëmfro ëmmer nees ervirgehuewen.
An engem gemittlechen an onkomplizéierte Kader weist de Giuseppe Inferrera, datt et net ëmmer déi grouss Gourmet-Kiche muss sinn, fir d'Häerzer vun de Gäscht ze gewannen.
Adress: 17, Lëtzebuerger Strooss, L-5752 Fréiseng
Kontakt: 23 66 84 11
Kichen: Modern franséisch Gastronomie mat internationalen Aflëss
Mat zwee Michelin-Stären zielt de Louis Linster zu de renomméiertste Käch hei am Land. Am fréiere Restaurant vu senger Mamm Léa Linster zu Fréiseng huet hien iwwer d'Joren eng ganz eege kulinaresch Handschrëft entwéckelt. Zënter Abrëll 2026 dréit de Restaurant och offiziell säin Numm.
Seng Kiche verbënnt déi klassesch franséisch Haute Cuisine mat modernen Techniken an internationalen, ënnert anerem asiateschen Aflëss. Héichwäerteg Produiten, raffinéiert Zosen an e präziist Zesummespill vu Goûten an Texture stinn dobäi am Mëttelpunkt.
Eng kreativ an innovativ Kichen, mat där de Louis Linster sech déi zweet Plaz an eisem Ranking séchere konnt.
Adress: 10, Lëtzebuerger Strooss, L-5752 Fréiseng
Kontakt: 23 66 84 06
Och déi drëtt Plaz an eisem Ranking féiert eis op Fréiseng. Am Restaurant Klein setzt de Kach Alain Magini op eng traditionell Kichen, an där klassesch franséisch a Lëtzebuerger Spezialitéiten am Mëttelpunkt stinn.
Mat frësche Produiten, generéise Portiounen an hausgemaache Platen iwwerzeegt de Kach seng Gäscht.
Fir déi trei Lieser vum RTL Readers' Choice dierft dësen Numm iwwregens kee Frieme sinn: De Restaurant Klein hat sech schonn an eiser Editioun ronderëm déi bescht Bouchée à la Reine zu Lëtzebuerg déi zweet Plaz geséchert. Elo kann den Alain Magini sech iwwer eng weider Plaz um Podium freeën.
Mir gratuléieren eisen dräi Gewënner a soen all deenen, déi bei dëser spezieller Editioun vum RTL Readers' Choice matgemaach hunn, e grousse Merci!