
D'Mulle-Saison ass lancéiert an iwwerall am Land kréien d'Amateure vun de schwaarze Muschelen ëm d'Hierschtzäit nees op ville Plazen am Land d'Mullen ugebueden. Ob klassesch mat Geméis, an enger cremeger Ramzooss oder mat engem gudde Schotz wäissem Wäin. Och d'Fro op mat oder ouni Fritten suergt alt mol fir Diskussiounen.
Elo wou d'Nimm vun der Méint nees mat "r" hannen ophalen (also September bis Februar), gesäit een nees vill Clienten a Restauranten zu Lëtzebuerg virum typesch, donkel-schwaarze Mullen-Dëppen.
Mee wou schmaachen d'Mullen Iech hei am Land am beschten? Wéi ee Restaurant zu Lëtzebuerg huet dat perfekt Rezept, respektiv wien huet déi frëschste Mullen z'offréieren?
Fir dës nei Editioun vum RTL Readers' Choice hu mir déi absolut Top-Adress zu Lëtzebuerg fir Mullen iessen ze goe gesicht. "Les moules sont arrivées" an d'Resultater vun eiser Ëmfro och: Mir hunn d'Stëmmen ausgezielt, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg gutt Mullen iessen ze goen!
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 konnte placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Ronn 1.500 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.
Adresse: 10 Rte du Vin, 6794 Grevenmacher
Kontakt: 26745448
Online: Offizielle Site
De Patron Chris Juchemes, deen iwwregens och schonn an der däitscher Tëleesemissioun "Mein Lokal, dein Lokal" dobäi war, war richteg begeeschter, wéi hien d'Nouvelle krut, dass säi Restaurant d'Nues fir bäi huet an eisem Ranking: "Ech sinn esou happy an esou stolz, dat kënnt der Iech guer net virstellen! Et ass wierklech e schéint Gefill."
Am Abrëll 2013 huet de Restaurant seng Dieren opgemaach, ass also elo am 14. Joer. An u Clienten, déi un ee gleewen a gäre bei ee kommen, feelt et net. Dat weist eleng déi 1. Plaz an eisem Ranking. Ganz vill Leit géifen dann och wéinst de Mullen an de Restaurant vum Chris Juchemes kommen, wann och net nëmme just dowéinst.
D'Geheimnis vu gudde Mullen wier net eng grouss Unzuel u Produiten, ma et gëllt éischter D'Formule "Wat manner, wat besser". Ënnert anerem brauch een e Wäisswäin-Fong, deen een natierlech mat engem gudde Wäin am beschten hikritt. Da wier och d'Gréisst vun de Mulle wichteg, déi sollen nämlech am beschten net ze kleng sinn. Da brauch een nach Muerten, Poretten a Zellerie, fir mam Wäin zesummen de sou wichtege Fong ze maachen. Mat der Hëtzt ginn d'Mullen dann op, de Jus vun de Mulle leeft an de Fong, wat deem ganze Plat dann de finale Goût gëtt.
Wann et nëmme geet, ginn iwwregens Mullen aus Holland, méi genee aus der Provënz Zeeland geholl fir hire Plat. Déi genee Bezeechnung ass "Super Imperial", also Mullen, déi schonn eng gewësse Gréisst hunn. Dobäi ginn natierlech och hei, wéi soll et anescht sinn, Fritten zerwéiert. Iwwregens ginn et zu Gréiwemaacher och eng ganz Partie verschidden Zorten, also all Kéiers mat enger anerer Zooss. Ënnert anerem ginn et der am Savory beispillsweis mat enger Kachkéis-Zooss.
Gratulatioun fir de Restaurant Savory, dee vun den RTL-User verdéngt op déi éischte Plaz gewielt gouf.

Adress: 4 Rue de Tetange, 3672 Tétange Kayl
Kontakt: 26560618
Online: Offizielle Site

Adress: 52 Rue de l'Eglise, 4732 Pétange
Kontakt: 507859
Online: Offizielle Site

Adress: 2 Rte d'Esch, 1470 Hollerich Luxembourg
Kontakt: 453991
Online: Offizielle Site

Adress: 5 Rue de la Gare, 7448 Lintgen
Kontakt: 329869
Online: Offizielle Site

Adress: 10 Letzebuergerstrooss, 5752 Fréiseng
Kontakt: 23668406
Online: Offizielle Site

Adress: 90 Rue de la Gare, 4460 Belvaux Sanem
Kontakt: 28203684
Online: Offizielle Site

Adress: 5-6 Rue Jean Majerus, 7555 Mersch
Kontakt: 326855
Online: Offizielle Site

Adress: 8 Gruefwee, 9147 Ierpeldeng op der Sauer
Kontakt: 26262696
Online: Offizielle Site

Adress: 5 Esplanade, 5533 Remich
Kontakt: 23669171
Online: Offizielle Site
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Pizza
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Kebab
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Sushi
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte portugisesche Restaurant
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Kniddelen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht vegetarescht/vegaant Iessen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Glace
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Bouchée à la Reine
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Burger
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Fueskichelcher
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Nems
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Fritten
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Croissant