Längst Lidd un der Spëtzt vun US-Charts10-Minutte-Versioun vun "All too Well" vum Taylor Swift stellt neie Rekord op

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell hat "American Pie" vum Don McLean, mat enger Längt vun 8 Minutten an 42 Sekonnen, dëse Rekord, opgestallt am Januar 1972.
© AFP

Um neien Album vun der Sängerin “Red (Taylor’s Version)”, eng Neiopnam vun hirem Album Red aus dem Joer 2012, sinn zwou Versioune vun “All too Well” drop. Eben eng Kéier déi 10 Minutte Versioun an eng Kéier, wéi den Titel vum Album et scho seet, dem Taylor seng Versioun. De Reegele vu Billboard no, déi d’US-Charts verëffentlechen, gi béid Versiounen an der Ranglëscht zesummegefaasst.

Back to Top
CIM LOGO