
Als bis ewell eelste Fra weltwäit huet si e Sonndegnomëtteg an der Géigend vu Motola, ronn 200 Kilometer südwestlech vu Stockholm, en Tandemsprong absolvéiert. Suergen hat si sech virun hirem Sprong net gemaach. “Erof kommen ech ëmmer”, war nämlech hir Äntwert. E gewote Schratt, deen der Pensionärin vill Freed bereet huet. “Et war schéin do uewen”, sou d’Rut Larsson, nodeems si wéi e Villchen an der Loft geschwieft ass. Nees zeréck um Buedem huet de Rollator op déi 103 Joer al Fra gewaart.
Op der Säit vun den “Guinness World Records” ass hire Rekord nach net ze gesinn. Mat 103 Joer an 259 Deeg ass si déi bis ewell eelste Fra, déi jeemools mam Fallschierm gesprongen ass. Si huet de leschte Rekord ëm 78 Deeg getoppt. Alle Grond ze feiere fir d’Seniorin an hir Famill. Wéi si de lokale Medie verroden huet, wollt si hiren Triumph mat “engem klenge Kuch” zelebréieren.