
De Riese-Rösti gouf fir den 125. Gebuertsdag vum Bauereverband zu Bern gebroden. De Rösti an der Form vum Schwäizerkräiz gëtt als neie Weltrekord ugesinn.
De Rösti kënnt eigentlech aus dem däitschsproochegen Deel vun der Schwäiz. Dowéinst gëtt am Volleksmond de franséischsproochegen Deel vum däitschsproochegen Deel duerch de sougenannte “Röstigraben” getrennt. Dëst soll souwuel eng kulturell, wéi och eng kulinaresch Grenz duerstellen.
Fir dës kulturell a kulinaresch Ënnerscheeder z’iwwerwannen, huet de Bauereverband Gromperen aus all de Schwäizer Kantonen op Bern liwwere gelooss, fir doraus de Rösti hierzestellen.