No 7 Joer13,8 Millioune Leit hu sech de Revival vu Wetten dass...? ugekuckt

RTL Lëtzebuerg
Den 71 Joer alen Thomas Gottschalk konnt sech zu Nürnberg iwwer "Standing ovations" an och ganz gutt Aschaltquote freeën.
© AFP

Dat 7 Joer, nodeems déi lescht Emissioun mam Markus Lanz diffuséiert gouf, well just nach wéineg Leit d’Traditiounssendung op der däitscher Tëlee samschdes owes gekuckt hunn.

E Samschdeg den Owend hu 45,7% vun allen Tëleesspectateure fir de 40. Jubiläum ageschalt. Den Thomas Gottschalk souz op der aler Couche wéi fréier an huet souguer mam Frank Elstner, dee Wetten dass...? viru gutt 40 Joer erfonnt hat, co-moderéiert.

Déi speziell Sendung sollt eigentlech zejoert schonn diffuséiert ginn, war awer wéinst Covid verréckelt ginn. Ob den Thomas Gottschalk sech virstelle kéint, Wetten dass...? nees méi dacks ze moderéieren? Do wollt sech den ale Fuuss net an d’Kaarte kucke loossen. Just, datt et sécher een Ënnerscheed géif ginn. Hie géif sech seng laang Krausele schneide loossen.

Back to Top
CIM LOGO