Am Haff vun der Abtei Neimënster a ronderëm de Floss hu ganz vill Leit dem Spektakel vun der Intecourse nogekuckt. Eng gutt hallef Stonn huet de Spektakel gedauert. 5 Euro huet et kascht, fir eng Int an d’Waasser ze loossen.
Am Joer 2001 gouf déi éischten Editioun vum “Duck Race” organiséiert. Table Ronde ass fir d’Organisatioun responsabel. D’Suen, déi beim Inteverkaf erakommen, ginn all Joers fir e gudden Zweck gespent. 3 Organisatioune sinn et dëst Joer. All eenzel kritt tëscht 20.000 a 25.000 Euro un Donen.
Déi nächst Editioun vum “Duck Race” wäert dann den 20. Abrëll 2024 sinn.