"Bennifer"18 Joer no der Trennung hu se sech elo awer matenee bestuet

RTL Lëtzebuerg
Wéi Geriichtsdokumenter beleeën, hätten d'Jennifer Lopez an de Ben Affleck sech d'Jo-Wuert ginn, dat schonn e Samschdeg zu Las Vegas.

Si ware schonn tëscht 2002 an 2004 eng Koppel a haten hir Hochzäit, déi fir 2003 geplangt war, verréckelt, éier se Ufank 2004 hir Trennung bekannt ginn hunn.

Elo huet et dann awer geklappt. Et ass dem Jennifer Lopez hiert 4. Bestietnes, de Ben Affleck seet eng zweete Kéier “Jo”.

Et ass dann och bekannt ginn, dass d’Jennifer Lopez de Familljennumm vun hirem Mann ugeholl huet, deemno heescht d’Sängerin elo Jennifer Affleck.

Back to Top
CIM LOGO