Uni-Bestiechungsskandal2 Méint Prisong fir Full-House-Schauspillerin Lori Loughlin

RTL Lëtzebuerg
D'Geriicht zu Boston huet déi US-amerikanesch Schauspillerin zu enger Prisongsstrof vun 2 Méint an enger Geldstrof vun 150.000 Dollar verurteelt.
© AFP

Donieft muss si 100 Sozialstonne leeschten. Bis spéitstens Mëtt November muss déi 56 Joer al Fra hir Prisongsstrof untrieden. Hire Mann gouf zu 5 Méint Prisong, 250.000 Dollar Geldstrof an 200 Sozialstonne verurteelt. Der Koppel gëtt virgeworf, 500.000 Dollar bezuelt ze hunn, fir dass hir béid Duechteren op der renomméierter University of Southern California (USC) géingen ugeholl ginn. Am Mee hunn d’Loughlin an hire Mann d’Bestiechung zouginn.

Si huet sech e Freideg fir hiert Verhalen entschëllegt a vun enger “fuerchtbarer Entscheedung” geschwat. Si hätt e Plang ausgefouert, fir hire Kanner en onfaire Virdeel ze verschafen an domat déi sozial Ongläichheete verschäerft.

2019 ass de Bestiechungsskandal opgeflunn. Eng Partie räich Elteren hunn héich Geldzomme bezuelt, fir hir Kanner op Elitenuniversitéiten ënnerzebréngen. Am Kader vun dëser Affär goufe 50 Persounen ugeklot. D’Schauspillerin Felicity Huffman gouf 2019 zu enger Prisongsstrof vun 2 Woche verurteelt. D’Actrice, déi ënnert anerem an de Serien “Desperate Housewives” an “American Crime” matgespillt huet, hat e Bestiechungsgeld vu 15.000 Dollar bezuelt, fir dass déi falsch Äntwerte vun hirer Duechter an engem Opnamexame korrigéiert sollte ginn. Schlussendlech gouf hiren Openthalt am Prisong ëm 3 Deeg verkierzt.

Back to Top
CIM LOGO