Black FridayOnline akafen ouni ugeschmiert ze ginn

Nicky Soisson
Black Friday steet virun der Dier, a mat him och eng ganz Rei vu vermeintleche Schnäppchen am Internet. Ob Kleeder, Elektronik oder Reesen: D'Promotiounen lackelen an d'Versuchung ass grouss, séier zouzeschloen.
© www.pixabay.com

Ma grad beim Online-Shopping ass Virsiicht ugesot. De Centre européen des consommateurs (CEC) Lëtzebuerg rappeléiert e puer wichteg Reegelen, fir net op Bedruch oder onerwaart Käschten eranzefalen.

Eng éischt Fro, déi ee sech stelle soll, ass mat wiem een de Kontrakt ofschléisst. Op ville Plattformen ass nämlech net d'Plattform selwer de Verkeefer, mee eng Drëttpersoun oder eng aner Firma. Dat ka wichteg ginn, wann et herno Problemer mat enger Bestellung gëtt.

Och soll ee kontrolléieren, ob ee bei engem professionelle Verkeefer oder bei enger Privatpersoun keeft. Privat gëllen net déi selwecht Verbraucherrechter wéi bei engem professionelle Betrib.

Nieft dem Präis lount et sech och, déi genee Konditioune vun enger Offer ze liesen. Liwwer- a Retourkäschten, Fraise fir d'Douane oder aner zousätzlech Fraise kënnen dozou féieren, datt et um Enn méi deier gëtt wéi erwaart.

Fir déi meescht Online-Akeef an der Europäescher Unioun gëllt e Récktrëttsrecht vu 14 Deeg. Dëst gëllt allerdéngs net fir personaliséiert Produiten oder Reservatioune wéi Hotelbuchungen a Fluchbilljeeën, fir just déi ze nennen.

Verschidde Plattformen bidden zousätzlech e sougenannte Keefer-Schutz un. Hei sollt een awer och déi genee Konditiounen ze liesen, well dee Schutz oft nëmmen a bestëmmte Situatiounen a bannent enger festgeluechter Frist gëllt.

Wann een trotzdeem Affer vun engem Bedruch gëtt, soll een esou séier wéi méiglech seng Bank kontaktéieren an eng Plainte bei der Police maachen.

De Centre européen des consommateurs hei am Land recommandéiert ausserdeem, sech virum Kaf d'Bewäertunge vun anere Keefer unzekucken an op sécher Bezuelmethoden ze setzen. A wéi esou dacks gëllt och beim Online-Shopping: Wann eng Offer ze gutt kléngt, fir wouer ze sinn, dann heescht et oppassen.

Black Friday: Kafen am Netz ouni ugeschmiert ze ginn

Back to Top
CIM LOGO