Special Olympics24 Stonnen Dribbel Marathon duerch d'Land
Dëse Freideg a Samschdeg gëtt am Land Non-Stopp gedribbelt. Am Asaz si Special-Olympics-Athleten, Basketspiller aus Veräiner a Betriber an d'Luxrollers.
Nom Depart e Freideg um 18 Auer zu Wolz gëtt de Ball iwwer d’Strooss, am Bus, um Schëff, am Tram an am Zuch gespillt.
Den Héichpunkt ass e Samschdeg um 16h30 en Dribbel Parcours mat Promien am Hesper Park.
11/09/2021 Special Olympics: 24 Stonnen Dribbel Marathon due
PDF: De Parcours mat den Auerzäiten