
De gréissten Undeel vun de sougenannten “Offliner” gouf et d’lescht Joer an der Altersgrupp vu 65 bis 74. Hei huet mat 21 Prozent ronn all Fënneften nach ni Internet benotzt gehat. An der Altersgrupp vu 55 bis 64 Joer waren 8 Prozent nach ni um Internet, bei de Leit ënner 55 Joer nach héchstens 3 Prozent.
Am EU-Duerchschnëtt louch den Undeel vun den Offliner Eurostat no am Joer 2021 bei 8 Prozent, woubäi et awer grouss Ënnerscheeder gëtt. An Irland, de skandinavesche Länner, Holland a Lëtzebuerg louch den Undeel vun de Leit tëscht 16 a 74, déi den Internet nach ni genotzt hunn, jeeweils ënner 5 Prozent.
Den héchsten Undeel un Offliner gëtt et a Griicheland mat 20 Prozent, Bulgarien mat 17 Prozent a Portugal mat 16 Prozent. Wéi wéi een Drëttel vun der Weltbevëlkerung - am Ganzen 2,9 Milliarde Mënschen - hu guer keen Zougang zum Internet.