Gastronomie3 Minutte fir eng Pizza wéi beim Italiener

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem Summer ginn et hei am Land véier Automaten, déi ronderëm d’Auer original Pizzaen aus dem Uewen zauberen.
3 Minutte fir eng Pizza wéi beim Italiener
Zanter dem Summer ginn et hei am Land véier Automaten, déi ronderëm d’Auer original Pizzaen aus dem Uewen zauberen.

Owes nom Erausgoen oder mëttes beim Spadséieren. Ausserhalb vun den Aarbechtsstonne vu Restaurant a Snack-Baren ass et méi schwéier, eng soi-disant waarm Moolzecht ze kréien.

Dat huet sech och ee Restaurant-Bedreiwer aus dem Minett geduecht. Am Numm vun der Societéit NVN Group huet den Nicolas Adone zejoert am Summer deen éischte Pizza-Automat opstelle gelooss. Mëttlerweil stinn der véier Stéck uechter d’Land: zu Esch, Déifferdeng, Péiteng an zu Bouneweg.

Back to Top
CIM LOGO