New York3 Primärschoulen hu "Squid Game"-Kostümer fir Halloween verbueden

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt alt nees gefaart, dass d'Serie aus Südkorea Gewalt kéint bei de jonke Schüler glorifizéieren.
© Giuseppe CACACE / AFP

An der Serie geet et jo ëm Leit déi vill Scholden hunn a bei engem déidleche Spill matmaachen an sou eventuell e grousse Geldpräis gewanne kéinten. Elo hu Schoulen zu New York E-Mailen erausginn an där op d’Gewalt an der Serie opmierksam gemaach gëtt a Kostümer vun der Serie als net ubruecht ugesi ginn.

Et gëtt ënnerstrach, dass an deene Schoule souwisou Halloween-Kostümer mat Waffen oder ze brutalem Ausgesinn net géifen toleréiert ginn. Dozou géifen eben och déi nei Squid-Games-Kostümer gehéieren.

Vill Eltere reege sech driwwer op a soen, et wier méi wichteg, dass d’Kanner d’Serie net géife kucken, déi eréischt ab 16 ass.

Back to Top
CIM LOGO