Op den Dag virun 10 Joer7 Milliarde Mënschen op eiser Äerd

RTL Lëtzebuerg
Haut virun 10 Joer hunn déi Vereent Natiounen 7 Milliarde Mënschen op eisem Planéit proklaméiert.
© Daniel Roberts / pixabay

Woubäi ee bemierke muss, datt dëst e symboleschen Akt war well ganz präzis ka jo keen dat esou festleeën. Eng gutt Geleeënheet awer, op dësem 10. Joresdag vun de 7 Milliarden, fir mol e bësschen Zuelenzalot ze presentéieren.

Den Ament si mer zu 7,9 Milliarde fir eis de Planéit ze deelen, 8 ginn der am Mäerz d’nächst Joer erwaart.

D’Weltpopulatioun wiisst all Joer ëm déi 82 Milliounen oder anescht ausgedréckt: All Dag kommen eng 226.000 Mënschen dobäi, 2 an en hallwen pro Sekonn.

Den Ament liewen déi meeschte Leit a China - 1,4 Milliarden = 18,2 % vun der Gesamtbevëlkerung. An engem gudde Joer kéint Indien awer d’Pole Positioun iwwerhuelen. Iwwert eis Kontinenter verdeelt ginn et eng 4,4 Milliarden Asiaten, 1,2 Milliarden Afrikaner an 9,9 Milliarden Amerikaner. 5 Milliarden liewen iwwregens op 16 Staate verdeelt. D’Hallschent vun den Äerdbewunner lieft a Stied, viru 70 Joer waren dat just 30 %, an 20 Joer wäerten et 2/3tel sinn.

© Gerd Altmann / pixabay

Wa mer dann mol kuerz zeréckkucken: Bis elo dierften op eisem Planéit tëscht 90 an 110 Milliarde Mënsche gelieft hunn. Am Joer 0 ware mer ongeféier zu 200 Milliounen. Viru 500 Joer 500 Milliounen an am 18. Joerhonnert huet dunn e rapide Wuesstum agesat.

Deen héchste Wäert soll ëm d’Joer 2064 erreecht ginn. Spezialisten hunn ausgerechent, datt Enn vun dësem Joerhonnert a ville Länner d’Gebuerten zeréckginn an déi respektiv Populatiounen nëmmen nach duerch Immigratioun stabel bleiwen. Aner Natiounen, vrun allem an Europa an Asien, wäerten ëm méi ewéi d’Hallschent schrumpfen. Ursaach si besseren Zougang zu Verhütungsmëttel a besser Educatioun fir Meedercher.

© Gerd Altmann / pixabay

Um Enn nach déi heiten Zuelen:

Weltwäit läit d’Liewenserwaardung bei de Fraen bei 71,1 Joer, bei de Männer bei 67,7. Déi héchst Liewenserwaardung bei Fra a Mann, esou notéiert et de “World Factbook” nach dëst Joer, hu se a Monaco: 89,4 Joer ginn d’Awunner hei an der Moyenne al. Mir Lëtzebuerger kommen an dëser Statistik weltwäit op déi 16. Plaz, mat 82,7 Joer.

nullnull

Back to Top
CIM LOGO