
Eng Kéier sou iesse wéi d’Queen, dat steet bestëmmt bei villen op der Wonschlëscht. Mat engem neie Kachbuch soll dat esouguer 70 Mol méiglech sinn. Fir der Kinnigin hir 70 Joer um Troun ze feieren, soll nämlech dës Woch d’Kachbuch “The Platinum Jubilee Cookbook – Recipes and stories from Her Majesty’s representatives around the world” erauskommen. Brittesch Ambassaden a Vertrieder aus der ganzer Welt hunn an deem Kontext Rezepter eragereecht. Vu spueneschem Gebeess bis grénge Fësch-Curry ass alles dobäi. Déi brittesch Kichen hätt sech duerch den Afloss vun aneren Natiounen an hire Kiche staark verännert. A genau dat spigelt dëst Kachbuch erëm.
Nach ni war an der Geschicht vu Groussbritannien eng Monarchin esou laang un der Muecht. An de 50er Joren huet si d’Successioun vun hirem Papp iwwerholl, deen de 6. Februar 1952 verscheet ass.
Fir dëse spezielle Jubiläum sinn ufangs Juni och Paraden, e Gottesdéngscht, e grousse Concert am Buckingham Palace an en Extra-Feierdag fir d’Britten an “Jubilee Lunches” am ganze Land virgesinn.