Kanadesch Entreprise sicht neie Mataarbechter77.000 Euro am Joer fir Séissegkeeten ze testen

RTL Lëtzebuerg
Mellen dierf sech, wien op d'mannst 5 Joer al ass, an Nordamerika wunnt a schneekeg ass. Bannent zwou Woche krut d'Entreprise 100.000 Kandidaturen.
© AFP/Archiv/LOUAI BESHARA

Vun dëse Kandidature waren et ronn 25 Prozent, déi vu Kanner erageschéckt goufen. Déi meescht, wou sech gemellt hätten, wieren allerdéngs groussjäreg gewiescht, esou d’Pressespriecherin vun der Entreprise Candy Funhouse.

Den neie Mataarbechter misst fir de Betrib 3.500 Séissegkeeten am Mount schmaachen. Am Géigenzuch géif hien 100.000 kanadesch Dollar verdéngen, wat ëmgerechent 77.000 Euro entsprieche géif, souwéi eng Zousazkrankeversécherung vum Betrib offréiert kréien. Den Ament géifen dräi Séissegkeeten-Tester am Betrib schafen, mä et wier een op der Sich no engem Véierten.

Back to Top
CIM LOGO