An enger Wäibar zu Iechternach8 Fraen an 8 Männer hu sech rezent fir ee Speed-Dating gesinn

RTL Lëtzebuerg
Bannent 10 Minutte soll een dem Géigeniwwer souvill Froe stelle wéi méiglech an da geet et direkt virun op den nächsten Dësch.

Wärend engem ganzen Owend haten 8 Männer an 8 Fraen d’Méiglechkeet, sech kennenzeléieren. Iwwert den Internetsite lëtzdate.lu kann ee sech ëmmer fir dës Eventer umellen, do gesäit een dann och, fir wéi een Alter d’Dating-Owender geduecht sinn. Et kascht 50 Euro an um Schluss vum Owend gëtt all Kandidat oder Kandidatin um Site an, wien am beschten ukomm ass a wann et dann zu engem sougenannte “Match” kënnt, da suergt Lëtz-Date dofir, datt d’Kontakter ënnerenee getosch ginn.

D’Diane an d’Vera koume viru puer Méint op dës Geschäftsiddi, well ee selwer och Schwieregkeeten hat iwwert Internet e richtege Partner ze fannen. Dofir hu si sech geduecht, datt et eng gutt Alternativ wier, wann ee sech géing a Realitéit gesinn.

Wou si hire Site bis lancéiert haten, hate se och direkt iwwer 300 Aschreiwunge kritt an an Zukunft wéilt een zweemol de Mount sou en Event organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO