Fridden an en Enn vun der Pandemie80.000 Kanner hunn dem Ouschterhues zu Ostereistedt geschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Fridden an der Ukrain an en Enn vun der Corona-Pandemie - dat hu sech vill Kanner a Bréiwer un den Ouschterhues zu Ostereistedt gewënscht.

Ganzer 80.000 Kannerbréiwer sinn dëst Joer an der Ouschter-Postfilial am niedersächseschen Duerf Ostereistedt agaangen.

Déi jonk Auteure wënsche sech Klengegkeete wéi Schockela a Séissegkeeten. Ma vill vun hinnen hunn awer och matgedeelt, datt si scho Spillsaachen, Petzien a Kleeder fir Flüchtlingen aus der Ukrain gespent hätten. “D’Bréiwer spigelen d’Gefillswelt vun de Kanner erëm, dat beréiert eis vill”, sot d’Cheffin vun der Ouschter-Postfilial. Wéi all Joer huet e grousst Team u Benevollen d’Bréiwer beäntwert, fir de Kanner fir Ouschteren eng Freed mat engem faarwege Bréif ze maachen.

Dem Ouschterhues huet d’Post d’Adress Hanni Hase, am Waldrand 12, D-27494 Ostereistedt ginn. D’Aktioun soll Kanner motivéieren, Bréiwer ze schreiwen a gëtt zanter 40 Joer gemaach. D’lescht Joer war eng Rekordzuel vun 100.000 Bréiwer agaangen. Och aus dem Ausland komme vill Kannerbréiwer, dëst Joer waren et 1.000 Bréiwer aus 40 Länner. De wäitste Wee huet e Bréif aus Australien hannert sech geluecht.

Back to Top
CIM LOGO