
Dofir huet den US-Nochichtensender déi schéinste Plagen erausgesicht a se de jeeweilege Joreszäiten zougedeelt.
Op der ganzer Welt ginn et flott Plagen, déi ee sech net entgoe loosse sollt, sief et an Australien, Südafrika oder Europa. Wann Dir e Frënd vu feinem Sand an azurbloem Waasser sidd, da misst et Iech am Januar an Indien op de Gokarna Beach a Karnataka zéien. Ausserdeem kann en do souguer de bekannte Shiva-Tempel besiche goen.

Am Februar geet et dann op Miami Beach a Florida, eng Ikon ënnert de Stränn. Do kann een da gäre mol op Filmstars, Kënschtler oder Modelen treffen. Spezial-Tipp vun den Amerikaner: Virun 9 Auer Moies dohi goen, an dann d’Plage fir sech hunn.

Weider geet et a Japan bei Ibusuki, wou ee sech am spezielle Kimono an de Vulkansand agrueft, deen de Kierper entgëfte soll. Dofir suergen Thermalquellen, déi de Sand gutt waarm maachen.

Zeréck an Europa kann een am Juni op déi franséisch Insel Korsika op Bonifacio goen. Net sou bekannt wéi d’Côte d’Azur, sinn dës Plagen hei awer einfach ze erreechen a wonnerschéin.

Fir net ëmmer sou wäit reesen ze mussen, kann een am Juli op Amrum an Däitschland goen. Iwwer 10 Kilometer laang a bis zu 2 Kilometer breet kann een hei de feine Sand mat engem Fräiheetsgefill genéissen.

Am November kann een op Lanzarote op d’Playas del Papagayo besonnesch Skulpturen aus dem Museo Atlàntico ënner Waasser bewonneren.
