Kuriéise Spuer-TippAarbechtsamt refuséiert Frigo a réit Liewensmëttel baussen ze stockéieren

RTL Lëtzebuerg
Keen neie Frigo fir eng Hartz-IV-Empfängerin, awer e kuriéisen Tipp: "Mat dëse Wiederverhältnisser" kéint si d'Liewensmëttel dach einfach rausstellen.

D’Fra aus dem Ruhrgebiet, déi Hartz-IV bezitt, hat eng Demande beim Jobcenter gemaach, fir hire Frigo ersetzen ze loossen. Ma dësen huet d’Ufro mat der Begrënnung refuséiert, datt d’Viraussetzunge fir en Accord net erfëllt géife ginn.

Amplaz vu Suen huet si doropshin den Tipp krut, d’Liewensmëttel aus dem Frigo dach einfach baussen ze stockéieren. Duerch d’Wieder den Ament wier dat méiglech an et géing donieft kee Besoin ginn, deen een net ofleene kéint, an esou kéint een en och op eng aner Aart a Weis erfëllen.

D’Fra huet sech doropshi mat hirem Probleem beim Helena Steinhaus an hirem Veräin “Sanktionsfrei e.V.” gemellt. Si huet doropshin en Tweet publizéiert, an deem si d’Affär erkläert. Dëse goung viral an Twitter-User hu sech iwwert d’Aussoe vum Jobcenter opgereegt.

Op Nofro vum däitschen RTL huet eng Affekotin d’Schreiwes iwwerpréift. Um Enn géing zwar e Geriicht decidéieren, ma fir si wier d’Begrënnung net korrekt. Hire Rot: Eng Demande beim Geriicht, géing de Problem scho mol provisoresch aus dem Wee schafen.

D’Aarbechtsamt huet verwonnert gewierkt: “D’Begrënnung vum Refus géing a keng Aart a Weis der gängeger Praxis am Jobcenter entspriechen. Selbstverständlech gehéiert de Frigo zur noutwenneger Ariichtung vun enger Wunneng”. Well et awer en “individuellen Eenzelfall” ass, misst een d’Affär iwwerpréiwen.

Back to Top
CIM LOGO