Auswierkungen op de VerkafAdventskränz si wärend Corona-Pandemie méi gefrot wéi soss

Philippe Dondelinger
D'Ekipp vun RTL war bei en Ziichter an e Verkeefer op Besuch, fir erauszefannen, wat den Impakt vum Coronavirus op d'Chrëschtzäit ass.
Adventskränz si wärend Corona-Pandemie méi gefrot wéi soss
D’Ekipp vun RTL war bei en Ziichter an e Verkeefer op Besuch, fir erauszefannen, wat den Impakt vum Coronavirus op d’Chrëschtzäit ass.

Ginn 2020 méi Beemercher verkaf oder geet d’Zuel erof, obwuel villäicht dëst Joer manner Leit verreesen, respektiv éischter Doheem feiere wäerten? Dat wollte mir vun engem Verkeefer, respektiv Ziichter wëssen.

Kann een elo schonn soen, ob dat méi dëst Joer gefrot ass ewéi déi Jore virdrun? Et gesäit tatsächlech esou aus, ewéi wann net nëmme méi Blummen zanter der Pandemie verkaf géife ginn , nee och Adventskränz si méi gefrot ewéi soss. An anere Wierder gëtt dëst Joer Chrëschtdag also méi intensiv gefeiert ewéi déi Jore virdrun.

Back to Top
CIM LOGO