Individuell GestaltungAirline féiert genderneutral Uniformen an

RTL Lëtzebuerg
Nieft de weiblechen a männlechen Uniforme fir d'Stewardesse gëtt elo och genderneutral Déngschtbekleedung bei Alaska Airline ugebueden.

Entspriechend Uniforme plangt d’Entreprise deemno mat der Designerin Luly Yang aus Seattle. Mam Iwwerschaffe vun den Dresscode-Richtlinne wéilt een “méi Fräiheet a Flexibilitéit bei der individueller a geschlechtsspezifescher Gestaltung” erméiglechen, heescht et an engem Schreiwes vun der Fluchgesellschaft Alaska Airlines.

Wéi de Sender CNN mellt, kéim de Schrëtt awer net aus Eegeninitiativ. D’lescht Joer hat sech ee Mataarbechter doriwwer beschwéiert, dass dat deemolegt Reglement queer Mataarbechter diskriminéiere géing. Dat nodeems d’Personal sech fir Hären- oder Dammekleeder huet missen decidéieren, och wat d’Frisur, d’Bijouen an de Make-Up ugeet. D’Biergerrechtsorganisatioun American Civil Liberties Union huet deemools confirméiert, datt d’Virschrëfte vun der Airline géint Anti-Diskriminéierungsgesetzer verstoussen.

Back to Top
CIM LOGO