EquivëloAle Vëloen eng nei Aufgab ginn

RTL Lëtzebuerg
Wat mécht ee mat deenen ale Vëloen, wa si futti sinn? D'Kanner einfach erausgewuess sinn? Oder een neien, den alen ersetzt?
Ale Vëloen eng nei Aufgab ginn
Dat ass d’Iddi hannert Equivëlo, enger asbl, déi al Vëloen deene Leit gëtt, déi se wierklech brauchen.

De Projet Equivëlo këmmert sech genee dorëms a gëtt den ale Vëloen een neit Liewen. Dovunner profitéiere virun allem déi, déi sech dat soss net hätte kéinte leeschten. Refugié an och Leit, déi aus Offices sociauxe geschéckt ginn, dierfen eng Demande maachen an ee Vëlo lounen. Fir ee symboleschen Euro kréie si ee Gefier zur Verfügung gestallt. De Gedanken dohannert ass, dass een de Vëlo dann ëmmer nees zréckbrénge kann, eng Kreeslafwirtschaft.

De Paul Estgen ass vun der ASBL Equiclic Lënster, déi virun allem an d’Liewe geruff gouf, fir nohalteg Projeten ze maachen. Wéi 2018 ee Refugiésfoyer op Jonglënster sollt kommen, hu si sech iwwerluecht, fir och nach eppes am soziale Beräich ze maachen. D’Iddi, fir déi zwou Saachen ze kombinéieren, war do. Amplaz, dass al Vëloen a Kellere verstëbsen, kënne si genee déi glécklech maachen, déi soss kee Vëlo hätten.

Esou och dem Pinar Sarisahin seng Famill. Si ass d’Mamm vun dräi Meedercher a si si politesch Refugiéen aus der Tierkei. Hir ganz Famill huet ee Vëlo vun der ASBL kritt. Si fuere vill domadder a virun allem wär et och eng Aart Therapie. Ier si op Lëtzebuerg komm sinn, ware si scho 16 Méint a verschiddene Flüchtlingscampen ënnerbruecht. Eng Zäit, déi si belaascht huet, beim Vëlofuere kënne si Zäit matenee verbréngen an d’Natur genéissen. Weekends, wann net vill Busser fueren, ass de Vëlo dann och eng Méiglechkeet, fir awer vun enger Plaz op déi aner ze kommen.

1.200 Vëloe konnten elo scho verléint ginn. D’Spende kréie si vu private Leit, Entreprisen, awer och Grand-Surfacen. Am Prinzip huelen si all Zorte Vëloen. Ier si un den neie Besëtzer ginn, ginn d’Vëloen am Atelier gekuckt a wann néideg, gefléckt. Den Ahmad Jaarour këmmert sech ëm déi Vëloen a kritt och reegelméisseg Hëllef vu Benevollen. Och wa si mol ee Vëlo net gefléckt kréien, kënne si d’Ersatzstécker halen.

Fannt weider Detailer um Site vun Equivëlo.

Back to Top
CIM LOGO