Den Alex Teixeira Badois engagéiert sech zanter 2003 bei de Special Olympics Lëtzebuerg an ass bannent der Ekipp déi gutt Séil. Scho véiermol war hie mat enger Delegatioun bei de Special Olympics World Summer Games an dräimol hu si op internationalem Niveau eng wonnerbar drëtt Plaz beluecht. De 6. Abrëll hu si en Asaz géint den Zolwer Basket um Scheierhaff an 2023 geet et op Berlin, wou 170 Länner am Asaz sinn.

De Ben Els vum Podcast Happy Hippo kuckt op 5 Joren an 101 Episoden zréck. Zesumme mam Dino a Luc braddele si zweemol de Mount iwwer staark Stécker, laache vill a spillen e Spill. Meeschtens gëtt an der Kichen opgeholl, awer heiansdo geet et och fir en Iwwerraschungsausfluch eraus an d’Natur. De Moment verkafe si eng Taass fir d’Onkäschten ze decken.

De Loïc Schlentz huet international Succès als Sänger. Lass goung et op enger F am Kolléisch a bei “Kolléisch in Concert” huet hien éischt Musicalexperienz gesammelt. Zu Berlin huet de Loïc Musical-Show studéiert, Schauspill an Danz gemaach an als Tenor zu Stuttgart, Wien a Berlin gesongen. Den 1. Abrëll kann een hien am Chapito zu Mondorf mat Extraiten aus Musicallen héieren.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.